Europe, Asia · 5 Days · 15 Moments · September 2017

paul's adventure in Dubai - United Arab Emira


9 September 2017

No enger längerer Rascht am Hotel war ech an d'Festival City Mall den IT kucken.jiddereen wees dass ech en Frend sin vun Klima mee et war einfach ze kaal.sou extrem kaal. Den Owend dann an den thai Restaurant vum Hotel:Tong Thai.ech hun nach ni sou gutt an rafineiert thai g'iess.als allereischt eng gutt warem Zopp an duerno en Curry.an als Absacker en Whisky Sour am bar The Vault um 71ten Stack.an ween brellt um Desch niewendrun?
Burj Khalifa an Medinat Jumeirah.mam Auto bis bei den Wild Wadi Park gefouert gin,eng rieseg Schwemm.alles lait ronderem Burj Khalifa.natiirlech alles zu Fouss gemaach et war eng Aafenhetzt.kuerz iwwert d'Plage an ran an den Jumeirah Beach Hotel fir sech oofzekillen,waat en Kitsch.Duerno en seiren Tuer duech d'Medinat Jumeirah en nogebauten Souk.an vive rem an den Hotel.

8 September 2017

Burj Khalifa.heich.einfach ze heich.an enger Rekordzait oofgeschafft:) ech war awer gutt libanesch iessen fueren!
Aquarium @Dubai Mall. Fir 100 Aed kann een an der Dubai Mall an den Aquarium,main "Kulturprogramm"vun haut.
Dubai Mall. No engem Passage bei engem Barber ( mir hun eis nemmem hallew verstaan: de Baart ass gutt,d'Hoer manner) mam Metro an d'Dubai Mall.nach mei grouss,mei haart,mei iwwerdriwwen wei Mall of the Emirates.d'Fro op daat alles muss sin loossen ech mol leiwer op der Sait:)hei gesait een och Männer dei sech mat der Hand huelen an nemmen hallew ugedoen Fraleit niewt den vermummten Araberinen D'Emirati akzepteiren vill wann et drem geet Suen ze verdengen.
Dubai Marina.ech wollt mam Metro fueren mee (muslimescht Land) fiert deen Freides reischt am 10.30. Dofir mam Taxi deen natiirlech e gutt Steck mei deier ass wei Uber.also 8 euro:) iwwert d'Plage mat Waasser waat mei warem ass wei eng Bidden.JBR walk...hun lo mol Sonnecrème kaaft:)

7 September 2017

No enger klenger Rascht am Hotel mam Uber an d'Mall of the Emirates.alles tiptop.am Style vun der King of Prussia.awer net sou flott:)an si déjà alors déjà och an d'Cheesecake factory.top:)
Gold souk et co.mega pushy Verkeefer:( an am Dubai Museum wollten se meng Suen net.ok ech wollt och mat engem Honnerter fir 3 Dirham bezuelen:)
Iwwerall Autoen,Metro,Tram.mee fir iwwert d'Creek ass et mei oldschool:)
Sheikh Mohammad Centre for Cultural Understanding.et schmaacht wei selwer gemaach:)
Al Fiahidi an Creek.omg ab 10 Auer ass et net mei auszehaalen dobaussen.ech hun awer lo en Carrefour fonnt mat engem Starbucks.endlech rem wei doheem:) mee waat Ennerscheeder,vun der Business Bay wou den Hotel steet mat nemmem Chantier an Skyscraper mam Metro bis an den Norden wou alles kleng an aal an knaschteg ass. Am Dubai Museum haaten se keng Menz dofir konnt ech net eran,si huelen keng Kaart.

6 September 2017

Suite vun de Fotoen
Jw Marriott Marquis Dubai.OMG!ech war nach ni an sou engem Hotel.iwwerall Personal,extrem frendlech,riesen Zemmer,16 Restauranten.an gutt fresch:)an net ze vergiessen den Transfert am 8 Zylinder Lexus.
Ready to go!Kann een mer erklären firwaat een Knätsch mam oppenen Mond knätscht an sech obligatoresch muss niewt mech setzen um Gate:)? De Flug war laang obwuel ech vill Plaatz haat.Fir mech ass Emirates net besser wei Lufthansa.ass einfach sou.als Filmer hun ech Patriots Day,the Wall,Baby Boss gekuckt(e Film iwwert de Männi).

5 September 2017

Moxy um Frankfurter Flughafen.mega haart Musek an der Lobby mee soss Praisleeschtung top.an de Kaffi ass mat dran,merci Marriott.den Shuttle um 7.30 gett gecancelt ech treppelen als gudde Lambert zu Fouss op de Flughafen. De Shuttle fiert nemmen op den T1 an Emirates flitt vim T2.